12.01.2025

Mämmories

Programm

No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) 2024 säin 3. Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inszenéiert vum Jemp Schuster.


Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, dat behaapt se emol, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärecher blatzeg aus.


Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn?

Mir ginn de Risiko an. Mämmories ass Showbiz am Stil vum magesche Realismus.


D’Musek fir dës Show huet d’Claire Parsons komponéiert. D’Affiche kënnt aus der Fieder vum Meluma.



Foto © Meluma

Allgemeine Informationen

Cube 521

1, Driicht
L-9764 Marnach

Siehe auf der Karte

Datum

Sonntag, 12 Januar 2025 - 18h00


Preise

: 11€


Kontakt

T : 00352 521 521